27.03.2024

Film: Vu Buedem, Bauzen a Biobauren

Organisateur : Commune de Bertrange
Heure : 19:00 -

Localisation

ArcA
17 Rue Atert
8051 Bertrange

À propos

vu Buedem, Bauzen a Biobaueren

Wärend Joerzéngte wollt d’Agrarpolitik vun eise Baueren, dass si vill a bëlleg produzéieren. Haut wësse mer, dass e System, deen nëmmen op Wuesstem opgebaut ass, weltwäit zu groussen Ëmweltschied féiert an zu Problemer, déi mer ëmmer manner am Grëff hunn. Wa mer näischt änneren, riskéiere mer, dass mer geschwënn iwwerhaapt keng Liewensmëttel méi produzéiere kënnen.

Biolandwirtschaft ass eng Léisung, déi sech ëmmer méi Länner op de Fändel schreiwen. Och zu Lëtzebuerg soll et a manner wéi 30 Joer just nach Biobetriber ginn.

VU BUEDEM, BAUZEN A BIOBAUEREN weist Mënschen, déi haut scho mat vill Motivatioun Bio maachen. Baueren a Wënzer huelen eis mat op hiren Haff an op hir Stécker a weisen eis, wat si maache fir Liewensmëttel ze produzéieren déi gesond si fir de Mënsch an d’Natur, déi Ressourcë schounen an um Enn e Gewënn fir déi ganz Gesellschaft sinn.


  • Gratis Entrée
  • Q&A mat Protagonisten nom Film
  • Noom Film spendéiert d’Gemeng e Patt an Häppercher, alles BIO Produiten
  • Umeldung per Email un reservations@bertrange.lu bis den 18.03.24

Other

Autres événements