23.05.2025
Moving Shadows
Plus d'informations
01.06.2025
Organisateur : Geschichtsfrënn Bartreng
Visite guidée am Kader vun dem Weekend vun den Oppene Kierchen coordinéiert vun der EwB | ErwuesseBildung
D’Kierch vu Bartreng ass e Bau vun Ufank vum 18. Joerhonnert an eng Vergréisserung aus der Mëtt vum 19. Joerhonnert. Em 1701 ass di al baufälleg Kierch erëm opgebaut ginn no Pläng vun der viregter. Sou dass di al Fënsteren e.a. am Style vum „gothique flamboyant“ nach haut ze gesi sinn. Em 1847 ass du am neogotesche Style en Transept, en neie Chouer an en neie Kierchtuerm dobäi gebaut ginn.
D’Visite guidée wäert d’Relatiounen zwëschent der Por an de Bartrenger Damen a Seigneuren ervirsträichen mat e.a. der Famill vun Schauwenburg. Hir Rechter mat dem Zéngten a mat dem Patronatsrecht awer och hir Pflichten. D’Seigneurie, déi bis ob mannst an dat 13. Joerhonnert zeréckgeet, ass bis zu der franséischer Revolutioun bestoe bliwwen. Awer och nach am 19. Joerhonnert hat d’Famill d‘Huart hir Plaz an der Kierch.
Sprooch : Letzebuergesch
d’Leit sollen sech umelden fir d’Visite um 621 548 208
D’Kirch ass op:
Samschdes, den 31.05.25 vun 12:00 Auer bis 17:30 Auer
Sonndes, den 01.06.25 vun 10:30 Auer bis 18h00 Auer