26.09.2026

Konferenz – De Lëtzebuerger Online Dictionnaire

Organiser: Commune de Bertrange
Time: 11:00 - 14:00

Location

Centre Bureck
3 Rue de la Fontaine
8058 Bertrange

About

🇱🇺 Am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch fënnt zu Bartreng am Centre Bureck eng Konferenz iwwert de Lëtzebuerger Online Dictionnaire statt. Léiert méi iwwer d’Entsteeungsgeschicht, den Opbau an d’Funktionalitéite vum LOD.

Am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD, Lëtzebuerger Online Dictionnaire) goufen d’lescht Joer iwwer 12 Milliounen Artikele gekuckt! Mee wie stécht hanner deem beléiften Outil a wéi gëtt konkreet dru geschafft? A wéi gëtt iwwerhaapt de Choix gemaach vun de Wierder, déi drastoe kommen?

Op dës an op nach vill aner Froe kritt Dir an dëser Presentatioun vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) eng Äntwert. Ausserdeem gitt Dir och nach eppes iwwer d’Entsteeungsgeschicht, d’Zilpublikum an den Opbau vum LOD gewuer … e Bléck hanner d’Kulissen, deen een als normale Benotzer vum Dictionnaire net all Dag gebuede kritt!

Konferenz vu 45 Minutten, déi vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch organiséiert gëtt.

Gratis Entrée

Am Uschloss gëtt och nach e Quiz organiséiert, bei dem Dir Är Lëtzebuergesch-Kenntnisser ënner Beweis stelle kënnt. Fir matzemaache braucht Dir e Smartphone.

 

🇬🇧 As part of the Day of the Luxembourgish Language, a conference about the Luxembourgish Online Dictionary (LOD) is taking place at the Centre Bureck in Bertrange. Learn more about the history, structure and features of the LOD.

Last year, over 12 million articles were viewed on the Luxembourg Online Dictionary (LOD, Lëtzebuerger Online Dictionnaire)! But who is behind this popular tool and how exactly is it worked on? And how is the choice of words to be included made in the first place?

In this presentation by the Centre for the Luxembourgish Language (ZLS), you will get answers to these and many other questions. You will also learn about its origin story, target audience, and structure… a behind-the-scenes look that a regular dictionary user doesn’t get to see every day!

45-minute conference organized by the Center for the Luxembourgish Language (ZLS)

Free admission

A Luxembourgish-language quiz will also be organised afterwards, where you can test your knowledge of the language. You will need a smartphone to participate.

 

🇫🇷 Dans le cadre de la Journée de la langue luxembourgeoise, une conférence consacrée au Dictionnaire en ligne luxembourgeois (LOD) se tiendra au Centre Bureck à Bertrange. Venez en savoir plus sur l’histoire, la structure et les fonctionnalités du LOD.

L’année dernière, plus de 12 millions d’articles ont été consultés sur le Dictionnaire en ligne luxembourgeois (LOD, Lëtzebuerger Online Dictionnaire) ! Mais qui se cache derrière cet outil très populaire et comment fonctionne-t-il exactement ? Et comment le choix des mots à inclure est-il effectué au départ ?

Dans cette présentation du Centre pour la langue luxembourgeoise (ZLS), vous trouverez des réponses à ces questions et à bien d’autres encore. Vous découvrirez également son histoire, son public cible et sa structure… un aperçu des coulisses que l’utilisateur lambda d’un dictionnaire n’a pas l’occasion de voir tous les jours !

Conférence de 45 minutes organisée par le Centre pour la langue luxembourgeoise

Entrée libre

Un quiz sur la langue luxembourgeoise sera également organisé à l’issue de la conférence, au cours duquel vous pourrez tester vos connaissances linguistiques. Un smartphone est nécessaire pour y participer.

 

https://dag.letzebuergesch.lu/

Other

Other events