14.11.2024 - 17.11.2024

Arama Tulipa

Organisateur : Bartrenger Kaméidi

Acheter tickets

Localisation

ArcA
17 Rue Atert
8051 Bertrange

À propos

E Kannermusical vum Liane Nimax a Max Fischbach

Zu Istanbul regéiert de Sultan Abdul. Seng Fra, d’Sultanin Nuri an hien hunn eng Duechter, d’Prinzessin Aylin. Trotz allem Räichtum ass d’Prinzessin Aylin ëmmer traureg an hält net op mat kräischen, De Sultan Abdul rifft a senger Verzweiflung säi Geléierte Mustafa erbäi.

Dee soll a sengem décke Buch vun der Akasha kucken, datt d’Aylin endlech soll ophale mat kräischen. De Mustafa fënnt dann eraus, datt et nëmmen eng Léisung gëtt an dat ass d’Wonnerblumm TULIPA.

De Sultan Abdul entdeckt tatsächlech op deem grousse Bazar zu Istanbul d’Knoll vun där Wonnerblumm. Wéi hien d’TULIPA wëll mat an de Palast huelen, klaut de Clus vun Haarlem d’Wonnerblumm a verschwënnt dermat an Holland. An esou kënnt et zu där geféierlecher Sichaktioun: ARAMA TULIPA. Dës Sichaktioun gëtt natierlech geleet vun eisen zwee Kommissäre vu Gonnereng: dem Jimmy Schnoffler an dem Camille Driipsert.

 

No der Opféierung vun der Kuerzversioun vun ARAMA TULIPA am Kader vun eisem Festival am Mee, presentéiert eise Kannerensembel iech dës Kéier de komplette Musical. Loosst iech verzaubere vun eise klengen Artisten a kommt mat hinnen op d’Sich no der Wonnerblumm.

Other

Autres événements