20.04.2026

Konferenz – Gaart ouni Gëft

Organisateur : Commune de Bertrange
Heure : 18:00 - 20:00

Localisation

ArcA
17 Rue Atert
8051 Bertrange

À propos

Den naturnoe Gaart – eng Plaz fir Mënsch an Natur

E Gaart ass net nëmmen eng Gréngfläch hannert dem Haus. Et ass eng Plaz, wou Mënschen, Déieren a Planzen zesummekommen. Fir eis bedeit et Erhuelung a Rou; fir Himmelsdéiercher, Päiperleken oder Margréidercher ass en e wichtege Liewensraum.

Leider ass e Gaart net automatesch e Refuge fir Déieren a Planzen. Eng ze intensiv Fleeg, den Asaz vu Gëftstoffer oder net ugepasste Planzen kënnen dozou féieren, datt eng kleng Oas séier zu enger aarmer Landschaft gëtt.

Dobäi ginn et vill einfach Méiglechkeeten, fir säi Gaart an en naturnoe Raum ze verwandelen. An dëser Presentatioun gitt Dir gewuer, wat en naturnoe Gaart ausmécht, wéi Dir selwer op de Wee vum naturnoe Gäertnere kommt a wéi grouss den Impakt op d’Aartevillfalt ass.

 

Konferenz op Lëtzebuergesch

Other

Autres événements