09.01.2025
Babbeltreff
Plus d'informations
13.03.2025 - 14.03.2025
Organisateur : Commune de Bertrange
Séances scolaires
D’Julie ass e klengt Meedche mat enger grousser Leidenschaft fir eng ganz bestëmmte
Fruucht: séiss, säftteg a samteg Aprikosen. Am Bësch, net wäit ewech vu sengem Doheem,
sou heescht et, steet e ganz besonneschen Aprikosebam, dee gréisste vu senger Zort, mat
deene beschten a schéinste Friichten, déi jee ee Mënsch gesinn huet. Säi Papp awer huet dem
Julie strengstens verbueden, an dëse Bësch ze goen, well, sou erzielen sech d’Duerfbewunner
säit Joerhonnerten, der Doud do lauert. Mee well d’Julie gewinnt ass, dat ze kréien, wat et
wëll, a well seng onmoosseg Gloscht him keen anere Choix léisst, schläicht hat sech enges
Nuets heemlech eraus, fir dës eenzegaarteg Këstlechkeet ze schmaachen. An tatsächlech, déif
am Bësch verstoppt, fënnt d’Julie e risege Bam, mat Aprikosen sou grouss wéi Melounen. Hat
hat also, sou seet et sech, wéi ëmmer Recht. An et huet dëse Gedanken nach net richteg zu
Enn geduecht, wéi et op eemol am Gebësch raschelt an e wonnerbaart klengt Wiesen ervir
kënnt, dat dem Julie seng Virstellungskraaft bei wäitem iwwertrëfft…
Ausgoend vu senger Kuerzgeschicht The Little Girl That Knew Better, (Les Cahiers
Luxembourgeois Numéro 3, 2020) entwéckelt de Cosimo Suglia, deen 2021 mam Chrysalis
Award, e Präis fir Nowuessschrëftsteller a spekulativer Fiktioun, fir Lëtzebuerg ausgezeechent
gouf, zesumme mam Daliah Kentges en Theaterstéck fir Kanner ab 6 Joer.
Auteur: Cosimo Suglia
Regie: Daliah Kentges
Bünebild & Kostüm: Anouk Schiltz
Musek: Arthur Possing
Erzielerin & Bam: Mady Durrer
Julie: Magaly Teixeira
Aprikosejong: Luc Lamesch
Assistenz: Laetitia Lang
Eng Produktioun vum Théâtre du Centaure an der Koproduktioun mam Kulturhaus
Niederanven an dem Kinneksbond Centre Culturel Mamer.
Mat der Ennerstëtzung vum Ministère de la Culture an der Ville de Luxembourg.