16.03.2024

Zizou a Zazou

Organisateur : Commune de Bertrange
Heure : 20:00 - 21:30
Prix : 20 €

Acheter tickets

À propos

D’Zizou an d’Zazou, zwou Dammen déi sech e Liewe laang méi oder manner harmonesch zur Säit stoungen, kucken eng leschte Kéier op hire gemeinsame Wee zréck, virun deems den noen Doud si endgülteg vuneneen erléise soll.

Gefaangen an engem zouene Raum, mussen si sech mat den Decisiounen ausernee setzen, déi hiert Liewe bestëmmt hunn. Am Häerz vun enger scheinbar klassescher Frëndschaft entwéckelt sech eng surreal Rees duerch d’Landschafte vun Dreem an Erënnerungen,
Wënsch an Enttäuschungen, eng Rees, déi de Courage vun den zwee Personnagen op d’Prouf stellt. Kënnt zum Schluss nach eng befreiend Erkenntnes, oder ass et einfach op eemol eriwwer, matzen am ugefaangene Saz?

Mam Frédérique Colling a Catherine Elsen
Konzept an Text : Frédérique Colling, Catherine Elsen, Claire Wagener
Regie : Claire Wagener

Localisation

ArcA
17 Rue Atert
8051 Bertrange

Other

Autres événements