28.03.2026

Quizowend

Organisateur : Bartrenger Guiden a Scouten
Heure : 18:30 - 22:00

Acheter tickets

Localisation

Centre Atert
13 Rue Atert
8051 Bertrange

À propos

D’Bartrenger Guiden a Scouten invitéieren dech, deng Famill a Kolleegen op eisen Quizowend, den 28. Mäerz am Centre Atert. Mell dech an deng Equipe op eiser Homepage un, wann dir Loscht hutt, iech zesummen iwwert spannend Froen de Kapp ze zerbriechen.

 

Wéini geet et lass?
Den 28. Mäerz 2026 ginn um 18:30 Auer d’Dieren op an um 19:00 Auer ass de Start vum Quiz. No ongeféier enger Stonn maache mir eng Paus, an där dir eppes z’Iesse kritt. Géint 21:00 geet et da rëm weider fir deen zweeten Deel. Géint 22:30 wäert d’Präisiwwerreechung sinn.

 

Wou a bis wéini muss ech mech umellen ?
Umeldung iwwer: https://www.lgsbartreng.lu/wordpress/bgs-quiz/
D’Umeldungen sinn bis den 20.03.26 op.

 

Wéivill kascht et ?
Präis inklusive Iessen (Pakalu): 20€ pro Persoun.
Et gëtt och eng vegetaresch Optioun.

 

Wéivill Leit kënne maximal pro Team matmachen ?
Gespillt gëtt a Gruppe vun 4-6 erwuessene Leit.
Mir freeën eis op iech!

Other

Autres événements